VETERANESTATUT


Säit Jooren sin mer Amgaang alles drunner ze setzen fir den Statut vum Véteran ze kreien.Et wier eng immenz Wertschätzung fir eis alleguerten dei Fréier wei och Haut an och muer am Asatz sin fir Fridden iwwerall am Ausland.

Mir vun  Deemols wei och dei Zaldoten wou haut a muer am Asatz sin.

NEEN mer hun emol näischt grouss derbäi gefroot.Keng Joeresprimm wei aanerer se kreien.

Am Ausland firop tBelsch a Frankräich kreien tVeteranen oder tAnciens eng Joresprimm an aaner virdeeler.

Hei ass et leider jhust eng Medaille an Erfahrung an herno oft verlueren Zäit fir eppes aus sech ze maachen.

Awer tZaldoten sin fir eis all am Asatz.

Den Minister Bausch vun Dei Gréng haat eis et 2023 versprach Zitat: deen kreien se an se hun och dRecht deen ze fuerderen ,wei der am Video hei drenner gesin an heieren kennt.

Leider woren duerno tWahlen an dunn ass den Dossier wuel erem am Tirang verschwonnen.

Elo endlech kennt villäicht Beweegung an tSaach duerch Leit wei den Här Weidig  vun der ADR deen et weinstens mol ugesprach huet.

Aanerer wärten sech wuel och demnächst wellen un dei Saach woren et wier eng schéin Saach.

tArméi schafft wuel och mat Elan um Dossier waat schéin ass ze wessen.

Keen soll vergiess sin…..wei och tBemeihungen bei der Assurance Accident an der CNS fir an Saachen PTBS virun ze kommen.

Leider brengt een net jhust Positives aus der Missioun mat.Oft no Jooren kennt eppes an engem heich wou een nie domadder gerechent hätt an muncher sin schonns dorunner zerbrach.


TIMELINE


2026

A.A.C.S.P.L. Am Quotidien 22.2.26


2023

Den 21.9.2023 tRTL Reportage wou iwwer den Satut geschwaard gett an och den deemolege Minister Bausch den Statut versprecht


2025

Den 25.7.2025 Entrevue um Verdeedegungsministére mam Conseillier dem ehemolegen an jetzegen Präsident vun der AACSPL an dem Adj Corps vun der Arméi.

Dei Gespreicher sollten weidergefouert gin och mat der Assurance Accident AAA an der CNS  weinnst PTBS


2026

20.1.2026 Parlamentaresch Fro un tDéfenseministesch vum Här Weidig vun der ADR wou den Dossier mam Statut drunner ass.


Och eis Arméi schafft wuel mat Elan um Dossier waat schéin ass ze wessen.

Affaire a suivre…….mer waarden den Ament op en Rendez vous bei der Ministesch vun der Défense oder hierem Conseillier/Directeur adjoint fir am Dossier virun ze kommen.