INFO / PTBS
WOU AN WEI KRITT EEN HELLEF ???
SOS DETRESSE
Hei fannd der Hellef all Daag vun 11-23Auer Freides a Samsachdes bis 3 auer moies iwwer Telefon 454545 an iwwer Chat a Mail
ANER HELLEF
Bei der AACSPL fannt der och emmer en oppent Ouer Kontakteiert eis iwwer Mail oder wann tKantin op ass einfach dohinner kommen.
Op een un PTBS leid oder et nach net wees waat et wierklech ass.Net waarden net probeieren selwer domadder eenz zegin.
Färt net Schumm dech net mir wessen genau weis du dech fills…..
MENEGHETTI RENÉ PSYCHOTHERAPEUT BACK TO REALITY
Den Meneghetti René wor selwer als Enneroffizeier mat eis bei UNPROFOR derbäi.Hei de Link zur Praxis.
URL https://www.doctena.lu/de/fachgebiet/psychotherapeut/rene-meneghetti-1502257
SERVICE PSY ARMÉI
Mat der Arméi hun mer och en Arrangement wou tLeit kennen higoen.Den Büro ass an der Kasär zu Dikkrech um Härebierg am Pavillon 6
Psychologin Vaessen Brigitte
Mail: brigitte.vaessen@armee.etat.lu
Mobil: 621378935
SERVICE PSY MINISTERE DE DÉFENSE
Fir dei wou net wellen an tKasär goen soll och eng meigelegkeet beim Ministére de Défense hierem Seervice Psy erstallt gin.
WAAT ASS PTBS ??
PTBS steet fir Posttraumatesch Belaaschtungsstéierung,an ass eng Psyschech Erkrankung dei als folleg vun engem Traumateschen Ereegness wei an engem schweieren Accident,enger Katastroph enger Erfahrung vun Gewalt,Krichserliefnesser oder engem Moment deen een als schrecklech empfonnt huet optrett.
Betraffener erliewen des traumatesch Erfahrung emmer erem duerch opdrenglech Gedanken,Alpdreem an Flashbacks.Se meiden oft alles waat mam Trauma zesummenhängt a leiden enner enger allgemenger Erregung an Emotion an Ofstompfung.
Symptomer:
Unkontrolleiert Erennerungen dei emmer erem zereckkommen.
Alpdreem an Flashbacks tGefill daat Erlieftend emmer erem ze erliewen an duerchzeliewen.
Vermeidung:
Vermeidung vun Gedanken,Gefiller an Plaatzen dei een un den Trauma erenneren.
Emotionell Ofstompfung:
Gefill vun Daafheet.Depersonalisatioun oder Derealisatioun vun aanere Menschen an deenen em eis geigeniwwer.
Iwwerereegung (Hyperarousal):
Unhaalend Uspaanung,gesteierter Schreckhaftegkeet,Schloofsteierungen,Reizbarkeet an Wutausbrech.
Meigeleg Ausleiser:
Accidenter,Naturkatastrophen,Krich,Terroruschlei,sexuell Gewalt,Erfahrungen mam Doud an schweieren Verletzungen.
Behandlung:
Eng Trauma Fokusseiert Psychotheraphie.
Medikamenter an aaner Verfahren kennen ennerstetzend agesaat gin.
AACSPL AKTIOUNEN VS PTBS
AKTIOUN SPORT VS PTBS
Eisen deemolegen Präsident den Eberhardt Sylvain wor selwer am Assatz bei Unprofor 1 zu Baranjsko Petrovo Selo.
Hier leid ganz vill enner PTBS an huet de Velosport als seng Meigelegkeet entdeckt eenz ze gin domadder.
2024 huet hien mat enger Equipe den Entschloss gefaast mam Velo vun Lëtzebuerg op Baranjsko Petrovo Selo a Kroatien ze fueren.
tEquipe wor den Eberhardt Sylvain,Rollinger Carmen,Grisius Patrick,Reiser Paul,Cotton Joé,Czekanowicz Mike,Storck Marc,Bäumler Martin,Crelo Claude,Stefanetti André,Heinen Christian anTollardo Mike.
Videoen an Fotoen kommen nach !!!!!